Badminton Waldbëlleg

Eis 1. Equipe spillt an der 2. Divisioun.
Trainéiert gëtt dënschdes, freides a samschdes zu Konsdref.

Kontaktadress: badwaldbillig@gmail.com

oder den Telefon: 691 821592

Di éischt Méint vun der Saison sinn di 3 Traininger zu Konsdref. An der Waldbëlleger Hal muss de Buedem nom Héichwaasser gefléckt ginn.

Trainingszäiten 2018/19

Kannertraining (7 bis 13 Joer)

dënschdes a freides: 17:00 bis 18:30 Auer

samschdes: fräit Spill

Jugend/Seniorentraining (ab 14 Joer)

dënschdes a freides: 18:30 bis 20:30 Auer

samschdes: 10:00 bis 12:00 Auer

Hobbien

dënschdes a freides: 19:00 bis 21:30 Auer

samschdes: 10:00 bis 12:00 Auer

Ufängerracketten a Plumieren sinn an der Hal.

Trainer: Julien Malchair a Sina Goli

Top aktuell

20. oct., 2018
Bowling, intern Spillplaz a Spaghetti
Um Bowling-Owend waren eng 25 Member mat dobäi.
18. sept., 2018
1. Training vun der neier Saison
Zënter dem 18. September gëtt nees trainéiert. Och di Konsdrefer (...) sinn herzlech wëllkomm! Probéiert et aus a kommt bis den Dezember gratis spillen! Eventuell bleift duerno een Trainingsdag zu Konsdref erhalen.
28. août, 2018
Laftraining
De Laftraining ass eriwwer. Di meeschte Präsenzen haten d' Michèle D., d' Sandy, de Liam an de Jeremy. Bravo och, dass d'Anne-Sophie e puer Mol mat war.
5. Spilldag: Walfer - Waldbëlleg 7:1
5. Spilldag: Betebuerg 3 - Waldbëlleg 2 2:6
Weens der Verletzungsmisère an der 1. Equipe, ass di 3. Equipe ofgemellt ginn.
Izeg - Waldbëlleg 4:1
Den 2. Masters war den 21. an 22. 10. zu Remléng.
Den 2. Grand-Prix war den 21. 10. zu Ettelbréck.
Mam Velo duerch de Mëllerdall.
Merci fir är Hëllef, eiser Kees huet et gutt gedoen.
D'individuell Landesmeeschterschaften sinn ugangs 2019.

Wichteg Informatiounen

de neie Comité: Liz, Nicole, Sandy, Chris, Luc, Pit, Théo

Falls deng Raquette eng nei Bespanung brauch, de Club huet eng Bespanungsmaschinn, den Alain mëscht der se fir ee gudde Präis!

Opruff: Eise Veräin huet nach keen Arbiter! (Mir bezuelen doweens all Saison eng Stroof un d'Feluba.) Falls deen Job dech interesséiert, da mell dech an du kriss weider Informatiounen!

D'Firma TAVARES DA SILVA ënnerstëtzt d'Jugendspiller aus eisem Veräin.

Tariffer fir d'Saison 2018/19

  • Kanner a Jugendspiller 90€ , 2. Kand 70€
  • Hobbyspiller: 95€
  • Seniorspiller: 120€
  • Familjepräiss: max 230€ 

Ab Mäerz gëlt den hallwe Präis.

CCPL: LU02 1111 7016 3736 0000

Si all hunn bis 3 Trainingsméiglechkeeten pro Woch.

(Den Trésorier schéckt iech d'Rechnung.)

.

D'Firma ENTRAPAULUS sponsort eis Uniformen.

Grënnung

19. mars, 2013
De Badminton Waldbëlleg gouf definitiv vum Verband opgeholl.
Lies hei de Bericht vun der Versammlung zu Huncheréng.
23. oct., 2012
De Badminton Waldbëlleg gouf den 23. Oktober 2012 gegrënnt. Liest de Resumé vun der Versammlung!

Écrire un nouveau commentaire: (Cliquez ici)

123website.lu
Caractères restants : 160
OK Envoi...

celine | Réponse 19.09.2017 18.08

ganz gudd an matt weieder seu

Christian Wagener | Réponse 23.01.2017 19.31

Allez scolaires
Top Leeschtung

Fanclub | Réponse 21.01.2017 15.00

Braaaavoooo un eis Scolaires!!!

Krëschtkand | Réponse 19.12.2016 22.42

Super Stëmmung

Moulin Théo | Réponse 09.11.2015 13.50

E grousse Merci un all déi Lait déi um 2. Grand Prix gehollef hun. Et war een vol l'en Erfolleg
Théo

Mehlen carole | Réponse 13.10.2015 11.21

Ech hun en Trainingscostume vum Badminton fir Kanner, Gréisst 3, wéi nei,bëlleg ofzegin. Tel. 661 250671

Fan Club | Réponse 08.06.2015 00.04

GRATULATIOUN!!!!!

Theo | Réponse 22.03.2015 19.34

Bravo un d'éicht Equipe. Viru sou!😀

Ann | Réponse 25.11.2013 23.27

Cool, déi Stären oder Flacken

Brynjarsson Isabelle | Réponse 07.12.2012 17.59

Guden Owend,

Kann én do och mol einfach kuken kommen wann der Training hut? Dat wier lo fir eise Bouf (10 Joer), dén nawell gut Fiederball spillt.

Voir tous les commentaires

Commentaires

19.09 | 18:08

ganz gudd an matt weieder seu

...
05.03 | 15:15

yesssssss

...
23.01 | 19:31

Allez scolaires
Top Leeschtung

...
21.01 | 15:00

Braaaavoooo un eis Scolaires!!!

...
Vous aimez cette page