Wëllkomm am Gëllene Buch!

Äre Kommentar:

6. févr., 2015

Parisot-Muller Jeanny

Ech si frou dat d'Claudine an de Luc an hir léif Kanner Liam Kim a Yann esu e flotten Sport machen . Dem Kim gratuléieren ech fir seng Titelen , mach esou weider daat wenscht deng Boma Jeanny .

19. nov., 2013

simone medernach-weller

Hey, super ären Internet Optret. Dir hut Iech suuuuper vill Méi gemaat an dat kene mir eis alleguer als Virbild huelen. Hoffen dass den Entusiasmus op dem Lewel bleiwt.

11. août, 2013

Alain Dostert

Ech wënschen iech vill Erfolg fir aer eischt Badmintonsaison. All Respekt fir aeren Courage een neie Club ob d'Been ze stellen. Vive de Badminton.

11. août, 2013

Christiane Kasel

Ech wönschen dem Waldbelleger Verein vill Succès fir dei 1. Saison an natiirlech och fir dei weider Joeren! Ech freen mech op eng gudd Zesummenaarbecht, dei mer secher wärten hun.
Grousst Kompliment fir ären Site, deen ass super flott!

3. juil., 2013

Dinela Suljkanovic

Et ass ganz cool am Badminton Waldbelleg. Et leiert een vill iwert Badminton. An et leiert een och ganz gudd spillen. Dat ass sou cool.

19. avr., 2013

xavier deltomme

ass mega cool ech kommen all dach ;D

16. avr., 2013

louis

Ech sinn lo schon puer mol op den Traning komm an daat war cool!
An wäert och weider hin nach kommen :-)

30. déc., 2012

Ronny Sadler

All Respekt vir déi Aarbecht, déi bis elo schon geleescht gouf, souwuel vir desen Internetsite wie och um Terrain. Wënschen Iech Alles Guddes vir dat wichtegt Joer 2013.

17. nov., 2012

xavier

mein comic ass drop :-)

17. nov., 2012

Liv

Ech ging ganz gären kommen:)

Site web 6. nov., 2012

Daniel Ruppert

Alles Guddes vir de neie Verein a vill Erfolleg!

24. oct., 2012

Jean-Marie Deloos

Ech wënschen dem neien Klub vill Erfolleg ob séngem Wee an d'Nationaldivisioun.

24. oct., 2012

pascale breden

ech wënschen dem neien klub
« BONNE CHANCE »

24. oct., 2012

Mireille Gieres

Ech konnt jo gescht leider net bei der 1. Versammlung dobéi sin, mée Delphine huet mir schons all Dag gesot, ech misst onbedengt op de Site kucke goen! :-)
Ech ka mech nemmen denen aneren uschléissen: en interessante Site, flott opgebaut. Dat mecht
een jo richteg firwelzeg fir unzefänken ;-)
Dann hoffe mer just, dat meng Schanken dat duerhaalen - no souvill Joeren Onsportlechkeet ;-)

23. oct., 2012

Ann

Megaflotten Site! Ech freen mech op d´Zesummenaarbecht!

19. oct., 2012

pilo fonck

Wann d'Resultater vun Eerem neie Veräin sou gutt ginn, wéi Eere Site hei, da gëtt Waldbëlleg geschwënn Lëtzebuerger Meeschter!...
pilofonck@internet.lu

19. oct., 2012

Xavier

Ech komme ganz gäer an de neie Club!

Site web 19. oct., 2012

Thierry Wagner

Den Deifferdenger Verain wönscht dem Neien alles Guddes, an vill flott Stonnen an den Hallen.

19. oct., 2012

Georges Ludwig

All Initiativ fir Kanner an Erwuessener zu sportlecher Aktivitéit ze bréngen, ass wichteg a luewenswäert. Félicitatiounen, datt dir op dëse Wee gitt an är Zäit an ären Engagement fir eng gutt a flott Saach hirgitt. Als President vun enger Organisatioun,
déi zum Ziel huet, de Leit aus eiser Gemeng de Loisirsport méi no ze bréngen, kann ech är Initiativ nëmme begréissen. Vill sportlechen Erfolleg a gudde Courage, Luc & Co.

19. oct., 2012

Jean-Luc Schleich

Ech wëll den Initiateuren vum neie gratuléieren, datt sie déi Waldbëlleger Sportswelt em een neie Veräin méi räich maachen!
Ech wënschen de Veräinsresponsablen ganz vill Freed am Veräin a mam Veräin!
Alle Badminton-Frënn wënschen ech vill Spass
un hirem Sport.
Dem Veräin insgesamt wënschen ech vill Memberen an all Guddes!
Ech sin iwwerzeegt, datt de Badminton Waldbëlleg ee grousse Succès wäert gin.
Merci Luc fir déi Initiative!

19. oct., 2012

Dinela

Badminton giff mir och gefalen

19. oct., 2012

Moulin Théo

Luc,

Ech mengen déi Gedanken déi's du dir am Gëllene Buch mess sin iwerflesseg. Mat dengem Engagement kann jo bal neischt schiif goen. De Yann, de Liam an nach vill aaneren, an de Veräin spillt ffirob

19. oct., 2012

Ludwig Fernande

An ech kommen all Match kucken.
Bonne chance dem neie Club

Site web 18. oct., 2012

Muller Rosch

Bonne Chance mat érem neie Club

18. oct., 2012

Cynthia Schintgen

Ech géing gär kommen an ech fréen mech!

17. oct., 2012

Ludwig Marcelle


Dat ass eng super Initiative.
Bonne chance a vill Freed fir Grouss a Kleng!

Site web 17. oct., 2012

Greischer Jos

Ech wönschen Iech vill Spaas an dém neie Verän

16. oct., 2012

Yann

Badminton ass grad sou flott wéi Formel 1!!!

16. oct., 2012

Liam

Ech komme sëcher an de neie Veräin spillen. Ech spillen de Moment zu Jonglënster.

16. oct., 2012

Kim

Ech spille scho méi wéi 1 Joër an hu schon 2 Medaillen gewonn!

15. oct., 2012

Luc

D'gëlle Buch gët haut Méinden, den 15. Oktober kreéiert.