Badminton Regioun Mëllerdall

Ärenzdall, Bäerdref, Beefort, Fiels, Hiefenech, Konsdref, Waldbëlleg 

Am Juli ass de Startschoss fir de neie Veräin.

Bis dohinner si nach eng Rei Rendezvousen mat de 7 Gemengen virgesinn.

Duerno muss mat de Sportsveräiner an de respektive Gemengen gekuckt ginn, wéi eng Trainingsdeeg fir de Badminton Regioun Mëllerdall reservéiert kënne ginn.

An da gëtt den Training an der Regioun organiséiert. 

Steet de Plang, gi souwuel Kontakter zu de Kanner aus de Grondschoulen an de Maison Relaisen gesicht, wéi och all d'Awunner invitéiert sech un den Aktivitéiten ze bedeelegen. 

A schliisslech och all d'Entreprisen ugeschriwwen, fir de neie Veräin ze ënnerstëtzen.

de Projet

* de Veräin gehéiert zu de gréisste Badmintonveräiner am Land

* de Veräin beräichert d'Regioun Mëllerdall a representéiert se no baussen

* de Veräin bitt eng grouss Palette un Aktivitéiten un (all Sportbegeeschterten fënnt eppes!)

* de Veräin schafft enk mat der Federatioun (Frédéric Mawet) zesummen

* de Veräin organiséiert ee grousst Turnéier fir d’Groussregioun am Mee/Juni

* de Veräin kritt ee Label Pro Club (Bronze, Sëlwer, Gold) vun der Federatioun

* di 1. Equipe vum Veräin etabléiert sech an der Nationaldivisioun

* de Veräin organiséiert reegelméisseg aussersportlech Aktivitéiten fir all d'Member

* de Veräin entwéckelt sech konstant weider 

Wéi gesäit de Wee hin zum neie Veräin aus?

 

 

 

 

Januar

Member vum ale Veräin informéieren

Comité

Februar

Zesummenaarbecht mat der Maison Relais Waldbëlleg

Comité, Trainer

Februar/Mäerz

7 Gemengeréid besichen

Comité

Mäerz/Abrëll

Kontakt zu de Veräiner -> Plagen an den Halen

Comité

Abrëll

Aktivitéiten fir di 7 Maisons Relais

Comité, Member

Mee

grouss Brochure drécken

Comité

Mee

Schoulsportdag

Member

Mee/Ufank Juni

Sponsoren kontaktéieren, Brochuren

Comité, Member

Juni/Juli

Kontakter zu de 7 Schoulen ophuelen, Brochuren

Comité

Juli

Startschoss mat grousser Porte ouverte

Comité, Member

September

Flyer an de 7 Gemengen ausdeelen

Comité, Member

 

Wat kéint de neie Veräin no a no ubidden?

 

Aktivitéiten

Alter

Traininger

Caliméro mat Elteren

3 - 4

samschdes moies

Mini-Bad

5 - 9

samschdes moies

Kanner Kompetitioun

U11 – U15

2 – 3

Jugend Fun (Hobby)

10 - 15

1 – 2

Jugend/Senioren Kompetitioun

ab 16

2 – 3

Jugend/Senioren Hobby

ab 16

2 – 5

Individuellen Training

 

20 – 30 min

Fitness a Muskulatioun

ab 14

1

FitBad (mat Musék)

Erwuessener

1

HandiBad

 

1

55 plus

ab 55

1

Entreprisen

Erwuessener

Reservatioun

 

Wou kënnen d’Member vum ale Veräin sech engagéieren?

* sozial Medien (Opbau vu Facebook, Instagram, Internetsite …) -> Fotoen, Informatiounen

* Maskottchen zeechnen (fir iwwerall: Brochure, Flyer, sozial Medien, … an als hëlzen Figur mat 7 Fändelen vun de 7 Gemengen, wou awer och d’Sponsoren drugehaang kënne ginn)

* Abrëll: flotte Mëtteg mat de 7 Maisons Relaisen

* Schoulsportdag (an alle Gemengen)

* Fotoen maachen fir an d’Brochure (di 7 Halen, jeeweils am selwëschte Genre, mam Maskottchen)

* Startschoss Mëtt Juli: grouss Porte ouverte matorganiséieren (mat der Presse, de Sponsoren, de Buegermeeschter, all Aktivitéiten gi virgestallt, all Gemengen gi presentéiert mat Fotoen an de jeeweilegen Spill/Sportméiglechkeeten ab September 2018)

* méiglech Sponsoren uschwätzen

* nei Uniform raussichen

* Duerffester a bei anere Geléigenheten eis Aktivitéiten presentéieren

* grousst Turnéier ausschaffen an organiséieren (Organisatiounscomité)

* eng vun de Spezialaktivitéiten iwwerhuelen/matorganiséieren/mathëllefen

Di éischt Propose fir eise neien Maskottchen kënnt vum Ricky. Ee schmocke Kärel!

D'Isabelle huet och eng Propose gemaach, wéi de Maskottchen kéint ausgesinn. Cool!